Eng Gemeinschaft zu Eppelduerf

Eppelduerfer a.s.b.l. ass säit 1964 aktiv a gouf am Dezember 2023 vun „Eppelduerfer Jugend“ op den heitege Numm embenannt. Haut ass de Veräin eng oppe Gemeinschaft vu jonke Leit aus ganz Lëtzebuerg. Regelméisseg Treffen, Aktivitéiten an d’Organisatioun vun traditionellen Events wéi dem Spaghettisfest schweessen d’Memberen zu enger verréckter Kludder zesummen, déi een einfach kenneléiere muss. Et ass d’Ziel vum Veräin, dëser Gemeinschaft een Doheem ze bidden, se z’erhalen a neie Memberen den Zougang z’erméiglechen.

Comité 2026

D'Membere vum Virstand schaffen hannert de Kulissen. Dobäi iwwerhuele sie d'Verantwortung an d'Organisatioun, fir d'Gemeinschaft vun der Eppelduerfer z'ennerstëtzen. Hier Aarbescht ass essentiell fir d'Existenz vum Veräin.

  • Marc Friederes

    Marc Friederes

    President
  • Fränz Friederes

    Fränz Friederes

    Vizepräsident, Leader Spaghettisfest, Technik
  • Victor Da Silva

    Victor Da Silva

    Trésorier, Leader Kachclub
  • Sacha Willems

    Sacha Willems

    Sekretär, Leader welan.lu, Kommunikatioun
  • Michel Musmann

    Michel Musmann

    Comitésmember, Clubsall
  • Tom Huberty

    Tom Huberty

    Comitésmember, Social Media
  • Felix Vehent

    Felix Vehent

    Comitésmember
  • Jo Schmit

    Jo Schmit

    Kooptéiert
  • Max Schmit

    Max Schmit

    Kooptéiert

Downloads

Eis aktuell a vergaange Statuten, Formulare fir z. B. de Bäitrëtt an en Archiv vu Flyeren an Dokumenter kanns du op dëser Säit als PDF eroflueden.

Ze verlounen

Ausserhalb vun eisen Events kanns du eist Material, wéi eist grousst Veranstaltungszelt oder eis Industrie Spullmaschinn lounen. Dobäi ënnerstëtz du gläichzäiteg e gudden Zweck.

An der Presse

Eppeldorfer Dorfjugend – Revue, 7. Mäerz 1964
Eppeldorfer Dorfjugend – Revue, 7. Mäerz 1964

Du bass interesséiert bäi eis Member ze ginn?

Du hues Loscht dech z'engagéieren, un der Organisatioun vun Events ze wuessen an dobäi nei Leit kennenzeléieren? Wou s du wunns, deng Nationalitéit, däi Geschlecht ewéi deng sexuell Orientéierung spille bäi eis keng Roll. Sierf eis Wëllkomm!