Wat eis Memberen zesummen dreift
Säit iwwer 40 Joer versammelen sech op Maria Himmelfahrt, dem 15. August hongereg Leit zu Eppelduerf. Op dësem Dag gi mëttes an owes grouss Portioune Spaghetti gekacht an d’Zesummekomme bis an d’Nuecht era gefeiert.
Mat welan.lu bréngen Eppelduerfer a.s.b.l. vum 6. bis 8. November 2026 eng vun de gréissten LAN Parties vu Lëtzebuerg an d'Sportshal zu Miedernach. Dobäi gëtt de Fussballsgol duerch Dëscher, Still, Stroum- a Netzwierk-Infrastruktur fir iwwer 100 Gamer ersat.
Du hues Loscht dech z'engagéieren, un der Organisatioun vun Events ze wuessen an dobäi nei Leit kennenzeléieren? Wou s du wunns, deng Nationalitéit, däi Geschlecht ewéi deng sexuell Orientéierung spille bäi eis keng Roll. Sierf eis Wëllkomm!